Produzenten
Keen werft gäre Liewensmëttel ewech, schon guer net dir, déi vill Aarbecht an Häerzblut an är Produite gestach hutt.
Mee et ginn awer ëmmer erëm Grënn, firwat een als Produzent eppes wechgeheie muss, sief et dat Produit´en net der Norm entspreechen, et ee Feeler bei der Verpackung gëtt, dir Platz am Stock braucht oder grousse Client ofgesprongen ass.
Mir wëllen iech do ënnerstëtzen, iech hëllefen eppes géint Liewensmëttelverschwendung ze machen a Käschte fir d´Entsuergung spueren: Meld iech bei eis, mir kommen d´Produit´en bei iech sichen a suergen derfir dat och des Liewensmëttel een Abnehmer fannen.
Partner
Bio Haff Hipp
Kontakt: Katrien et Gérard Hipp-de Bondt
7 Rue de Wahlhausen | L-9380 Merscheid