top of page

Zero Waste Geméisbritt

****Kooperatioun Kleines Kuliversum****

"Aus Geméisreschter an alem Geméis léisst sech ganz einfach eng lecker Geméisbritt kachen.

Et kann een sech hei komplett austoben a Geméis benotzen, dat engem schmaacht. Ma op ee puer Saachen muss een trotzdeem oppassen:

  • D’Geméis dierf al, schrompeleg an Flecken hunn, ma et dierf awer net schimmeleg sinn!

  • Befiert d’Geméis geschielt gëtt, soll et gutt gewäsch ginn.

  • Et kann alles verschafft ginn: d’Schuel, den Stil oder de Batz.

  • Schuelen vun den Ennen ginn der Britt eng schéin Faarf.

  • Rechter an Schuelen loossen sech ganz einfach an der Truh verstauen, bis ee genuch huet fir eng Geméisbritt ze kachen.

  • Wann d’Britt fäerdeg gekacht ass kann een se a Glieser afréieren, mat engem Akachdëppen akachen oder maximal zwee Deeg am Frigo halen.

Ingredienten

  • 1kg Geméisschuelen oder Reschter

  • 1,5 L Waasser

  • 1 EL Salz

  • 1 TL Pefferkären

  • 1 EL Maggikraut, gedréchent

    • 1 EL Péiterséileg, gedréchent

  • 3 Lorberblieder

  • 5 Neelcheskäpp


Zoubereedung

  1. Ee klengen Deel vun den Geméisschuelen a Reschter an engem groussen Dëppen ouni Ueleg urösten. Dann mat Waasser oofläschen an den Rëscht vum Geméis a Gewürzer dobäi maachen.


  1. Dat ganzt elo fir 2 Stonnen kachen loossen an ëmmer rëm den Schaum wechmaachen, deen entsteet.

  2. Wann d’Britt fäerdeg gekacht ass duerch ee Siff schëdden dat mat engem Mullduch ausgeluecht ass. D’Geméis wat doran gesammelt gëtt dann och gutt ausdrécken.

  3. D’Britt kann elo nach ofgeschmaacht ginn, jee no Goût kann een elo nach Gewürzer dobäi maachen."


Recent Posts

See All
bottom of page