top of page

Vill Gourgetten ... perfekt mee ze grouss.

Wei absurd eise System ass hu mer gëschter nach emol konnt gesinn um Haff Anmari zu Wëlwerwolz. Ee grousse Merci dem Anne-Marie Arend vum Haff Anmari fir di vill Erklärungen an di interessant Diskussioun.

Si hunn eng super Courgetten Récolte. 290kg déi iwwer e puer Deeg gepléckt gi sinn. Awer leider entsprieche bal 200kg net der Norm! Wat heescht dat?


Si sinn einfach e puer cm ze grouss!


Well eng Courgette muss no der Norm "NORME CEE-ONU FFV-41 concernant la commercialisation et le contrôle de la qualité commerciale des COURGETTES" engem calibrage teschent 14 an 21 cm entspriechen.


Alles wat der hei gesitt ass deemno ze grouss a kann dowéinst net normal an d´Vente.

Eigentlech net ze verstoen, well als Client, kann een awer och mat dëse Courgette vill kachen. Fir Courgetten ze fëlle sinn souguer déi mi grouss ideal!

An eisem nächste Post verrode mer iech dann och nach ee vun eise Lieblingsrezepter fir Courgettenbrout.


171 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page