top of page

Spargel-Crème Zopp

****Kooperatioun Kleines Kuliversum****

"Anescht wéi beim gréngen Spargel muss een deen wäissen Spargel schielen. Och déi holzeg Stiller um Enn schmaachen net sou gutt a ginn gären ewech geschnidden. Amplaz datt dat alles an der Poubelle lant kann een doraus eng ganz gutt Zopp kachen.

Mat den Schuelen a Reschter gëtt nämlech eng aromatesch Britt gekacht a mat Schallotten, Miel, Ram a Gewürzer verfeinert. Gären kann een och ee Schotz Wäin dobäi ginn fir ofzeläschen.

D’Britt selwer léisst sech ganz gutt a Glieser afréieren oder akachen. Sou kann een och ausserhalb der Saison eng gutt Spargelzopp genéissen."


Ingredienten

  • Spargeschuelen an Reschter vun engem Kilo wäissem Spargel

  • 1 L Waasser

  • 1 Schallott

  • 2 EL Botter

  • 2 EL Miel

  • 100 ml Ram

  • Salz, Peffer a Muskot



Zoubereedung

  1. D’Spargeschuelen a Reschter mat Waasser opkachen a fir 10 Minutten liicht kachen loossen. Dono Spargelen ofschëdden an d’Waasser opfänken.

  2. D’Schallott schielen, an Wierfelen schneiden a mat Botter an engem Deppen undëmpen. D’Miel dobäi ginn a mat der Britt ofläschen.

  3. D’Zopp mat Ram, Salz, Peffer a Muskot ofschmaachen.

  4. Mat engem Mixer oder Püreierstab d’Zopp opscheimen an direkt zerveieren.

115 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page