top of page

Kiloweis Liewensmettel gerett...

Den 13.08 hate mer eisen zweeten Testowend. Erëm hate mer Frënn a Bekannten invitéiert an hunn hinne all dat auzortéiert Geméis ,dat mir selwer um Feld ernte waren, nom Motto "Gëff wat et dir wäert ass" ugebueden. Kromm Muerten, deck Courgetten, kleng Reidercher... alles Geméis dat d´Baueren net verkaafe kennen well et net den Normen entsprecht.

Zesummen hu mer eleng deen Owend ronn 8 kg Réidercher, 3 Këschte Schnittzalot, 20kg Fenschel, 50kg Courgetten, 25kg Muerten a ganz vill fresche Salbei gerett.

Des Kéier hate mer di éischte Kéier och nach Brout, Baguetten a Kaffiskichelcher vum Dag virdrun zur Auswiel. Mir wëllen an den nächste Wochen eist Sortiment erweideren an eben och déi Liewensmëttel ubidden, déi an de Supermarchéen auszortéiert gi sinn. Méi dozou erziele mer iech an de nächste Wochen.

Ee grousse MERCI dem Luc Bentz fir d´Fotoen!


Mir wëllen awer och onbedéngt erem dem Jean-Luc Majerus an der Firma Majerus-Geimer MERCI soen fir dee schéine Kader an eisen zwee Partner de Biohäff Trifolie an Anmari ee grousse MERCI fir hiert Vertrauen esou wei der Mme. Kanivé-Biever fir de fresche Salbei aus hierem Gaart.


Wann dir och wëllt un eisem nächste Retterowend derbäi sinn schreift eis enner Kontakt! Mir schécken iech gären eng Invitatioun!

152 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page