top of page

Fréijoers Gromperenzalot

****Kooperatioun Kleines Kuliversum****


"Wann et lo lues a lues rëm ufänkt méi waarm dobaussen ze ginn an d’Wieder gutt ass kann een et kaum erwaarden, rëm ze grillen. Dobäi passt ëmmer eng gutt Gromperenzalot.


Un sech kann een d’Gromperen fir dësen Zalot mat oder ouni Schuel maachen, dat ass jidderengem selwer iwwerlooss. Deen se well schielen kann vun den Grompereschuelen déi lecker Chips maachen, déi een och hei um Internetsite fënnt :)


Réidercher ass ee Geméis, dat zimmlech schnell verschafft soll ginn. Mat engem klengen Trick kritt een d'Réidercher iwwer Nuecht awer rëm schéin knackeg: de Bond Réidercher einfach an eng Schossel mat Waasser stellen oder leen. Sou kann een den bëssen rompelegen Réidercher aus dem Buttek oder Frigo eng zweet Chance ginn.


Aus dem Gréng vun den Réidercher kann een och ganz einfach Pesto maachen, dat een zum Beispill och bei dëser Zalot kann als Topping dobäi maachen. Dofir kann een ganz einfach dat Rezept vum Muertenschuelen Pesto huelen an d’Schuelen duerch dat Gréngt ersetzen.




Ingredienten

  • 500g Gromperen

  • 1 Bond Réidercher

  • ½ Kornischong

  • 2 TL Moschter

  • 4 EL Äppelesseg

  • 6 EL Sonneblummenueleg

  • Salz a Peffer

  • 1 Fréijoerszwiwwel

  • ½ Bond Bratzelen

  • Kresse





Zoubereedung

  1. Gromperen gutt wäschen an mat der Schuel fir 25 Minutten kachen. Ofscheeden, ofkillen loossen, schielen an dann a Scheiwen schneiden.

  2. D'Réidercher wäschen, dat gréngt ewechschneiden an a Scheiwen schneiden.

  3. D’Kornischong wäschen an a Scheiwen schneiden.

  4. Fir d’Zooss den Moschter zesummen mam Esseg, Ueleg, Salz a Peffer vermëschen.

  5. D’Fréijoerszwiwwel an d’Bratzelen wäschen an a kleng Rondelen schneiden.

  6. D’Gromperen zesummen mat den Réidercher an der Kornischong an eng Schossel maachen, mat der Zooss vermëschen an bëssen Kresse doriwwer ginn.

  7. Den Zalot kann direkt giess ginn oder fir puer Stonnen am Frigo zeien.



479 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page