top of page

Dir sidd immens!!

WOW!! Mir sinn total iwwerwältegt a soen Eech ee grousse Merci!!


Leschte Samschdeg, de 14. November war et rëm souwäit mir haten eise 5. Pop-up Maart zu Housen am Showroom vu Majerus-Geimer Constructions sàrl.


Zousätzlech zu eisem Pop-up Maart hate mir eis dës Kéier eppes Neies ausgeduecht fir den Akaf an dëse Corona Zäiten e bësse méi einfach ze maachen: Eis on.perfekt Tuut, gefëllt mat eisem schéinen, krommen a schiefe Geméis an Uebst.


Stolz wëlle mir Eech matdeele wat mir dank ärer Hëllef alles konnte retten:

- 600 kg Geméis (Gromperen, Muerten, Kürbissen, Rout Rommelen, Fenschel, Zellerie an Äppel)

- 6 Këschte Mëllechproduit'en (vill Jughurt, Kéis a Stoffi

- eng ganz Partie Dréscheproduit'en (Nuddelen, Kichelcher, gedréchent Quetschen,..)

- selwergemaachte Gebeess.

E grousse Merci geet un eis Benevollen déi eis sou gutt de ganze Weekend gehollef hunn, sief et beim fëlle vun den Tuuten, beim Verkaf oder um Feld!


Mir wëllen der Firma Majerus-Geimer Constructions sàrl MERCI soen dat si eis des immens schéi Locatioun zur Verfügung stelle souwéi eise Partner: den Haff Trifolie vu Cruchten, den Bio-Haff Fischbach vu Äichen, den Haff Steichen-Ferber vu Recken, der Grande Epicerie Massen vun der Wemperhardt an der Q8 Tankstell vu Veianen, hinnen all e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung!



238 views0 comments
bottom of page