top of page

Courgettebrout

Hei dann nach wéi versprach engt gutt Rezept fir är Courgetten ze verschaffen.


Séisst Courgettebrout


300 g Courgette

250 g Miel

50 g gemuele Mandelen

125 g Zocker

5 g Bakpolver

1 Prise Salz

2 Éier

½ Zitroun

200 ml Mëllech

2 EL Planzenueleg


1. Den Schäffchen op 180° Grad virhëtzen.

2. 300g Courgette wäschen, d`Enner ofschneiden a reng rappen.

3. Di gerappten Courgette duerch eent Kichenduch dréinen.

4. D’Miel, di gemuele Mandelen, Bakpolver, d’Salz an den Kanéil mëschen.

5. 2 Éier opschloen, d’Mëllech an den Planzenueleg verréieren. Ofgeriwwen Zitrouneschuel an den Zocker dobäi ginn an alles schaumeg opschloen.

6. Di gerappte Courgette drënner hiewen an zum Schluss mat dem Miel vermëschen.

7. Den Deeg an eng agefett Form ginn an 45 Minutte baaken.




Ee klengen Tip wann der vill Courgetten hudd a keng Zäit fir ze baaken, kenn der iech se och scho rappen an dann an 300gr Portiounen afréieren.



145 views1 comment

Recent Posts

See All
bottom of page